Cross CountryLuc Scheller wënnt den Optakt zu Rodange

RTL Lëtzebuerg
Zu Rodange huet e Sonndeg hei am Land déi nei Saison am Cross Country ugefaangen.

De Luc Scheller huet sech bei den Hären d’Victoire geséchert. Mat engem Retard vun 29 Sekonnen ass de Garry Assel deen Zweete ginn. Um Podium stoung nach de Mathieu Talpe. Hien hat e Retard vu ronn enger Minutt.

Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d’Ethiopierin Tekuam Bisetegn vum CSL. Bescht Lëtzebuergerin gëtt d’Lisa Houot op der zweeter Plaz. Si hat e Retard vu 40 Sekonnen. D’Sally Dickes ass op 51 Sekonnen déi Drëtt ginn.

Hei fannt Dir déi komplett Resultater.

De Programm vum Challenge Peters Sports Cross

27. November: Esch
4. Dezember: Stad
11. Dezember: Ettelbréck
15. Januar: Diddeleng
5. Februar: Dikrech
3. Mäerz: Nationaalt Championnat zu Bieles

Back to Top
CIM LOGO