Volleyball: Challenge CupLuerenzweiler als leschte Lëtzebuerger Vertrieder eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
No Bartreng a Stroossen ass och elo de VC Luerenzweiler am Challenge Cup am Volleyball eliminéiert ginn.
© Fernand Schmitz

An de 1/16-Finalle krut de VC Luerenzweiler et mat Lycurgus Groningen ze dinn. Den Allersmatch hunn d’Lëtzebuerger an eegener Hal mat 1:3 verluer. De Retourmatch en Dënschdeg den Owend hu si an Holland mat 0:3 verluer. Fir de VC Luerenzweiler war et awer wuel eng flott Aventure, esouwäit ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO