DëschtennisLuka Mladenovic a Sarah De Nutte wannen Titel am Dubbel Mixte

RTL Lëtzebuerg
De Weekend gëtt am Gymnase vun der Coque den Nationale Championnat am Dëschtennis gespillt.
Luka Mladenovic bei den Olympesche Spiller zu Paräis
Luka Mladenovic bei den Olympesche Spiller zu Paräis
© AFP

Bei den Dammen an den Hären am Eenzel, am Dubbel Dammen an Dubbel Häre ginn nei Champione gesicht. Dës Decisioune falen alleguerten eréischt e Sonndeg.

Am Dubbel Mixte ass awer schonn um Samschdeg den éischten Titel verdeelt ginn an dee goung wéineg iwwerraschend un d‘Koppel Luka Mladenovic/Sarah De Nutte. An der Finall hu si sech mat 3:0 géint den Eric Glod an d‘Larissa Gales vu Wëntger duerchgesat.

An all deenen anere Kategorië fale wéi gesot e Sonndeg eréischt d‘Decisiounen. Gréisser Iwwerraschunge gouf et um Samschdeg wuel keng, nawell wäert e Sonndeg keen Titelverdeedeger sech duerchsetzen, déi spillen dëst Joer nämlech net mat.

Véierelsfinallen Hären:

Luka Mladenovic - Gene Wantz
Evgheni Dadechin - Jim Cloos
Irfan Cekic - Loris Stephany
Eric Glod - Tom Scholtes

Véierelsfinallen Dammen:

Sarah De Nutte - Tessy Dumont
Annick Stammet - Ni Xiao Jing
Carole Hartmann - Melisa Sadikovic
Martine Simon - Enisa Sadikovic

Back to Top
CIM LOGO