
Géint den An Jaehyun aus Südkorea huet de Lëtzebuerger gutt matgehalen an zwee Sätz fir sech entscheet. Um Enn huet hien de Match mat 2:4 verluer an ass domat eliminéiert.
Méi spéit e Méindeg war och nach d’Sarah De Nutte am Dammendubbel am Asaz. Mat hirer ungarescher Partnerin Georgina Pota gouf et eng 0:3-Néierlag géint eng südkoreanesch Koppel.