FLTTLuka Mladenovic an Eric Glod verléieren an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Duo huet en Donneschdeg de Mëtteg bei de Swedish Open géint déi ungaresch Spiller Ecseki Nandor a Szudi Adam de Kierzere gezunn.
© FLTT

Den Ufank vum éischte Saz war villverspriechend: D’Ungaren haten 2:6 Réckstand op de Luka Mladenovic an den Eric Glod. D’Lëtzebuerger Spiller misste sech zum Schluss allerdéngs geschloe ginn, a sou war et eng 0:3-Défaite, déi si hu missen astiechen.

Am ITTF World Ranking vum Oktober 2019 ass den Eric Glod op der 208. Plaz mat 1.870 Punkten, de Luka Mladenovic op der 209. mat am Ganzen 1.864 Punkten.

PDF: Communiqué FLTT (3.10.19)

Back to Top
CIM LOGO