
Mainz konnt sech iwwerraschend mat 3:1 géint Ochsenhausen duerchsetzen, dobäi huet de Luka Mladenovic op en Neits fir eng Iwwerraschung gesuergt, wéi hie sech am éischte Match mat 3:2 géint de Simon Gauzy duerchsetze konnt. De Fransous ass d’Nummer 28 an der Weltranglëscht. Schonns um 1. Spilldag konnt de Lëtzebuerger mat enger 3:0-Victoire géint den Omar Assar iwwerzeegen, d’Nummer 21 vun der Welt.