
An der Aachtelsfinall hat de jonke Lëtzebuerger et mam Gerrit Engemann aus Däitschland ze dinn. Nodeems de Mladenovic den éischte Saz mat 11:7 fir sech entscheede konnt, waren déi nächst zwee Sätz allerdéngs fir den Däitschen. De Mladenovic konnt sech awer erëm an d’Partie zréckkämpfen a sech de 4. Saz kropen. Um Enn waren et Klengegkeeten, déi zur Néierlag vum Lëtzebuerger gefouert haten.
Allgemeng war et eng zefriddestellend Leeschtung vum Luka Mladenovic, dee bei der U21-EM insgesamt 5 Victoirë bei 2 Néierlagen op sengem Kont hat.