
De Lëtzebuerger Nationalspiller hat via Instagram jo schonns annoncéiert, datt hien den FSV Mainz, wou hien zanter 2017 gespillt huet, verloosse géif. Elo ass dann och gewosst, wou et sportlech fir de 25 Joer ale Mladenovic weidergeet. Vun nächster Saison u wäert hie fir den TTC Zugbrücke Grenzau an der 1. Bundesliga spillen.