Lëtzebuerger Basketballspillerin am AuslandMagaly Meynadier gewënnt de Coupe-Titel mat Saarlouis

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg stoung d'Magaly Meynadier mat Saarlouis an der Coupefinall am Basket zu Berlin an Däitschland
© Michaël Lahure

Mat de Saarlouis Royals hat sech d’Magaly Meynadier e Samschdeg duerch eng 72:67-Victoire géint Alba Berlin fir d’Finall qualifizéiert. An der Finall ass et der Ekipp gelongen, géint Keltern, de Favorit a Leader am Championnat an der DBBL, ze gewannen.

Um Enn konnt Saarlouis sech mat 97:73 duerchsetzen. D’Lëtzebuerger Nationalspillerin, déi Kapitänin vun der Ekipp ass, konnt an der Finall staark 11 Punkte markéieren. Eng weider Spillerin aus dem Kader vu Saarlouis ass d’Martha Burse, si stoung nach d’lescht Saison zu Lëtzebuerg bei der Sparta Bartreng um Terrain a koum an der Finall op 20 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO