Lëtzebuerger Basketballspillerin am AuslandMagaly Meynadier steet mat Saarlouis an der Championnats-Finall

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg konnt sech d'Nationalspillerin mat Saarlouis an der Halleffinallserie géint Alba Berlin duerchsetzen. 
© Michaël Lahure / Archivbild

Mat enger 75:67-Auswäertsvictoire no Verlängerung am entscheedende fënnefte Match vun der “Best-of-Five"-Serie huet Saarlouis d’Serie virun 2.200 Spectateure mat 3:2 fir sech entscheet. D’Nationalspillerin koum an dësem Match op 10 Punkten a 26 Spillminutten.

De Géigner an der Finall ass Keltern. Den Tabelleleader aus der DBBL ass zwar de Favorit, Saarlouis huet allerdéngs schonn an der Coupefinall Ufank Mäerz gewisen, dass een de Géigner schloe kann. Fir Saarlouis besteet domat d’Méiglechkeet dës Saison den Doubel ze gewannen.

Back to Top
CIM LOGO