Basketballspillerin am AuslandMagaly Meynadier wiesselt zeréck bei d'Saarlouis Royals

RTL Lëtzebuerg
D'Magaly Meynadier wiesselt vum Ofsteiger Marburg aus der éischter däitscher Bundesliga bei d'Saarlouis Royals.
© Ann-Dee Lamour / CDP Media / DPPI via AFP

Déi 32 Joer al Lëtzebuerger Nationalspillerin ass dës Saison mat Marburg aus der héchster däitscher Divisioun erausgefall a wiesselt elo zeréck bei hire fréiere Veräin, deen och an der Bundesliga aktiv ass.

Marburg ass als 11. an der Tabell ënner 12 Ekippen erausgefall, Saarlouis ass als aachten an der Tabell an d’Play-offs komm.

Back to Top
CIM LOGO