
Um Sonndeg stoung d’Finall vun der Champions League am Handball zu Köln um Programm.
Magdeburg huet um Enn mat 32:26 géint d’Füchse Berlin gewonnen a konnt den Titel fir déi 3. Kéier feieren.
Magdeburg war besser an d’Partie komm a louch an der Paus mat 16:12 vir. Och nom Säitewiessel koum Berlin ni richteg u Magdeburg erun an ass dem Réckstand ouni Erfolleg hannendru gelaf. Um Enn konnt sech Magdeburg verdéngt géint Berlin behaapten.
Méi fréi am Dag hat sech Nantes no engem 30:25-Succès géint Barcelona déi 3. Plaz geséchert.