
An der däitscher Bundesliga huet Mainz mat Freiburg 1:1 gedeelt, spréngt awer duerch de Punktgewënn op eng Netofstigsplaz. De Leandro Barreiro gouf an der Paus ausgewiesselt.
Den Danel Sinani kënnt mat St. Pauli dem Opstig an d’Bundesliga ëmmer méi no. No der 2:1-Victoire géint Hannover hunn d’Hanseate 60 Punkten um Kont an 11 Punkten Avance op Plaz 4. De Lëtzebuerger Nationalspiller koum an dësem Match nees net zum Asaz.
An engem weidere Match an der zweeter däitscher Bundesliga huet sech Magdeburg am Ofstigsduell géint Rostock 2:0 behaapt an domat wichteg Punkte gesammelt. De Lëtzebuerger Eldin Dzogovic souz bei dësem Match op der Bänk.
Eng Etage méi déif kënnt Mannheim net vun der Plaz. No engem positiven Trend an de leschte Matcher gouf et nees eng batter Néierlag géint Essen. De Laurent Jans huet de Waldhof als Kapitän op den Terrain gefouert, konnt awer näischt géint dësen 0:2 ausriichten.
Am belsche Championnat verléiert Union St. Gilloise de Spëtzematch géint den FC Bruges 1:2. Soumat huet de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Morris zweemol hannert sech musse gräifen. Déi éischt Kéier huet et an der 52. Minutt gerabbelt an 20 Minutten drop eng zweet Kéier. An der 82. Minutt konnt St. Gilloise nach den Uschloss markéieren.
An der ukrainescher Premier League huet Cherkasy mam Olivier Thill 2:1 géint Olexandrija gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der Paus beim Stand vun 1:1 ausgewiesselt an huet den 2:1 an der 82. Minutt vun der Bänk aus gesinn. Cherkasy ass no 25. Spilldeeg 7.
Südwestlech vun der Ukrain a Bulgarien huet ZSKA Sofia mam Enis Mahmutovic wichteg Punkten am Kampf ëm déi zweet Tabelleplaz agefuer. Géint Arda gouf et eng 3:2-Victoire, woubäi de Lëtzebuerger Nationalspiller 90 Minutten duerchgespillt huet. Sofia huet mat 12 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Ludogorez Rasgrad keng Chance méi op de Championstitel.
An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat senger Ekipp Los Angeles FC 2:2 géint New York Red Bulls gespillt. New York konnt schonn an der 8. Minutt vun engem Eegegol profitéieren. An der zweeter Hallschent konnt Los Angeles fir d’éischt op Eelefmeter hin ausgläichen, duerno huet den Emil Forsberg, Ex-Spiller vu RB Leipzig, den 2:1 geschoss. De Lëtzebuerger, deen de komplette Match gespillt huet, war um Ausgläich vum Bouanga an der Nospillzäit bedeelegt. No 9 Matcher steet Los Angeles FC mat 12 Punkten op der 6. Plaz.
An der serbescher Super Liga gouf et fir de Seid Korac a Vojvodina eng 2:3-Defaite géint TSC. Vojvodina bleift domat bei 50 Punkten op der 5. Plaz am ieweschte Playoff. De Lëtzebuerger Verteideger stoung wärend 90 Minutten um Terrain, konnt den 0:2-Réckstand no 5 Minutten awer net verhënneren. Vojvodina ass an der 13. Minutt den Uschloss gelongen a konnt an der 62. Minutt ausgläichen. TSC huet awer an der 74. Minutt den decisive Gol geschoss.
De Lars Gerson stoung bei der Victoire vu Kongsvinger an der norweegescher Liga net am Kader. Um 4. Spilldag vun der OBOS-Ligaen konnt sech d’Ekipp vum 34-järege Lëtzebuerger 2:1 bei Levanger FK behaapten a steet mat 8 Punkten ongeschloen op der zweeter Plaz.
An der Schwäizer Super League huet Yverdon um leschte Spilldag vun der Normalsaison eng 3:0-Victoire géint Lausanne gefeiert. Mat dësem Resultat schléisst d’Ekipp vum Mathias Olesen déi éischt Phas vun der Saison op der 9. Plaz of, muss awer nach am Playdown géint den Ofstig kämpfen. Mat 17 Punkten Avance op de Leschte Lausanne misst dat funktionéieren. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung wärend 90 Minutten um Terrain.
Wéi e Freideg gemellt gouf, steet Vitesse Arnheim, de Veräi vum Lëtzebuerger Nationalspiller Mica Pinto, als éischten Ofsteiger aus der Eredivisie fest. Et ass den éischten Ofstig no 35 Joer Zougehéieregkeet an der héchster hollännescher Spillklass. Arnheim krut wéinst Lizenzverstéiss 18 Punkten ofgezunn a steet elo mat -1 Punkt op der leschter Tabelleplaz. De Veräin huet d’Strof akzeptéiert. Och wann Arnheim dës Strof net kritt hätt, wär et extreem schwéier ginn, fir an der Eredivisie ze bleiwen. Mat 17 Punkten aus 30 Matcher stoung ee souwisou op der leschter Plaz an hat 6 Punkte Réckstand op d’Relegatiounsplaz. Wéi et ëm d’Zukunft vum Lëtzebuerger Futtballer ausgesäit, ass nach net kloer.
An der zweeter däitscher Bundesliga hu sech Elversberg a Schalke 1:1 getrennt. D’Ekipp aus dem Saarland war fréi a Féierung gaangen, mee nom Säitewiessel konnt Schalke ausgläichen. Mat dësem Punkt kënnt Elversberg mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte sengem Zil, den Ofstig ze vermeiden, ëmmer méi no.
Fir Stal Rzeszow gouf et an der héchster polnescher Liga en 2:2-Gläichspill. Rzeszow louch schonn no enger Véierelstonn 2:0 vir, huet sech awer no der Paus zwee séier Goler gefaangen an huet sech mat engem Gläichspill mussen zefridde ginn. De Sébastien Thill stoung fir dëse Match net am Kader. Rzeszow ass aktuell 11. an der Tabell an huet e komfortabelen Ofstand zu den Ofstigsplazen.