Drëtt Hallschent, de Sport-TalkMam Laurent Jans iwwer seng Zäit an der Nationalekipp, zu Rotterdam a Paderborn

RTL Lëtzebuerg
De Kapitän vun de Roude Léiwen ass eisen Invité am RTL Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk".
© Val Wagner (Archiv)

De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp huet mam Jeff Kettenmeyer ënnert anerem driwwer geschwat, wéi hien a sengem Veräin Sparta Rotterdam nees méi Spillzäit ka kréien.

Donieft geet et awer och ëm seng 10 Joer bei der Nationalekipp. De Laurent Jans huet och den Ëmgank mat Kritik ugeschwat a wéi déi sozial Medien hiren Deel dozou bäidroen. Seng schéinsten Zäit als Profi hat hien zu Paderborn an der Bundesliga, dat ënnert dem Kult-Trainer Steffen Baumgart.

De Kapitän vun de Roude Léiwen ass eisen Invité am RTL Podcast “Drëtt Hallschent – De Sporttalk”.



De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

Back to Top
CIM LOGO