
E Mëttwoch den Owend huet sech Manchester City mat engem 0:0 géint Atlético Madrid fir d'1/2-Finalle vun der Champions League qualifizéiert. Och Liverpool steet no engem 3:3 géint Benfica ënnert de leschte Véier. En Dënschdeg den Owend konnte sech Real Madrid a Villarreal hir Plaz an den Halleffinalle sécheren.
An den Halleffinalle kënnt et elo zu den Dueller Manchester City géint Real Madrid (26. Abrëll) a Liverpool géint Villarreal (27. Abrëll). D’Retourmatcher sinn déi Woch drop.
De Match am Wanda Metropolitano zu Madrid huet sou ugefaange wéi een sech dat erwaart huet. Manchester City mam Ballbesëtz an Atlético mat enger kompakter Defense, déi souguer fir sou eng offensiv Ekipp wéi déi vum Pep Guardiola nëmme schwéier ze iwwerwanne war. D’Haushären hunn nom 0:1 aus dem Allersmatch op mannst ee Gol gebraucht, ma de Wee no vir ass an der éischter Hallschent virun allem vu Manchester gesicht ginn. Déi bescht Chance op den éischte Gol gouf et sou no enger hallwer Stonn fir d’Gäscht, wéi de Gündogan aus siwe Meter de Potto getraff huet. No 45 Minutten ass et also mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.
Am zweeten Duerchgang huet sech City dann net méi grad sou konzentréiert gewisen, wat Atlético och gemierkt huet an den Drock doropshin e Stéck erhéije wollt. Dat ass och gelongen, d’Haushäre hunn elo op der Héicht vum géigneresche Strofraum attackéiert a sou ass et zu där eng oder anerer Golchance komm. No 70 Minutten hat den De Paul dann den 1:0 um Fouss leien, ma den Argentinier konnt seng gutt Schoss-Positioun net notzen an huet de Gol knapps verfeelt. Kuerz viru Schluss ass et zu Madrid dann nach eng Kéier richteg hëtzeg ginn. Duerch déi vill Ënnerbriechungen an eng Giel-Rout Kaart fir de Felipe goufen et néng Minutten Nospillzäit. Manchester City konnt den 0:0 awer iwwert d’Zäit bréngen a steet domat ënnert de beschte véier Ekippen an Europa.
1:0 Konate (21'), 1:1 Ramos (32'), 2:1 Firmino (55'), 3:1 Firmino (65'), 3:2 Yaremchuk (74'), 3:3 Darwin (82')
Nom 3:1 am Allersmatch ass d’Ekipp vum Jürgen Klopp e Mëttwoch ouni d’Stare Salah, Mané, Alexander-Arnold a Van Dijk an d’Partie op der Anfield Road gestart. Trotz de ville Wiessel an der Starteelef waren d’Reds vun Ufank un déi besser Ekipp a sou ass no 21 Minutten den 1:0 duerch de Konaté gefall. De Fransous huet sech no engem Corner an der Loft behaapt an de Ball mam Kapp hannert d’Linn gedréckt. Benfica huet allerdéngs och um Match deelgeholl an huet no enger gudder hallwer Stonn e bëssen iwwerraschend op 1:1 gestallt.
Nom Säitewiessel huet sech d’Lokalekipp weider engagéiert gewisen an no zéng gespillte Minutte war et dann de Firmino, deen d’Reds nees a Féierung brénge konnt. De Brasilianer huet sech mat engem Gol awer net zefridde ginn a konnt no weideren zéng Minutten op 3:1 stellen. Dem Yarenchuk war an der 74. Minutt nach de Gol zum 2:3 aus der Siicht vu Benfica gelongen, wat d’Ekipp aus Portugal dann nach ee Mol richteg motivéiert huet. An der 82. Minutt konnt den Darwin op 3:3 ausgläichen, ma fir e Wonner vun Anfield huet et um Enn awer un zwee weidere Goler gefeelt.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.