
No der Ligaphas si jo schonns d’Ekippen op de Plazen 1-8 sécher fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. D’Ekippen op de Plazen 9-24 spillen eng Play-off-Ronn. Wien do géintenee spillt, ass e Freideg geloust ginn. Ënnert anerem kënnt et zum Spëtzematch Real Madrid géint Manchester City a Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro muss géint Monaco spillen.
Bruges - Atalanta
Sporting Lissabon - Borussia Dortmund
Manchester City - Real Madrid
Celtic Glasgow - Bayern München
Juventus . PSV Eindhoven
Feyenoord - AC Mailand
Brest - PSG
AS Monaco - Benfica Lissabon
D’Allersmatcher ginn den 11. an 12. Februar an d’Retourmatcher den 18. an 19. Februar gespillt.

Play-off: 11./12. an 18./19. Februar 2025
Auslousung Aachtelsfinallen, Véierelsfinallen an Halleffinallen: 21. Februar 2025
Aachtelsfinallen: 4./5. an 11./12. Mäerz 2025
Véierelsfinallen: 8./9. a 15./16. Abrëll 2025
Halleffinallen: 29./30. a 6./7. Mee 2025
Finall: 31. Mee 2025 zu München