Internationale FuttballManchester City wënnt verréckt Partie géint Newcastle

RTL Lëtzebuerg
No enger fréier Féierung an engem tëschenzäitleche Réckstand ka Manchester City de Match nach an der Nospillzäit mat 3:2 fir sech entscheeden.
© AFP

E Samschdeg stoungen nees eng Rei Matcher am internationale Futtballchampionnat um Programm. An England klappt Manchester City Newcastle spéit, an der Serie A rett sech Neapel duerch e Gol an der Nospillzäit déi dräi Punkten a fir Reims gouf et an der franséischer Ligue 1 eng wichteg Victoire géint den AS Monaco.

An der Bundesliga ka sech Leverkusen duerch eng Victoire zu Augsburg an der Nospillzäit als Hierschtmeeschter bezeechnen.

Premier League

Chelsea - Fulham 1:0
1:0 Palmer (45+4')

Newcastle - Manchester City 2:3
0:1 Silva (26'), 1:1 Isak (35'), 2:1 Gordon (37'), 2:2 De Bruyne (74'), 2:3 Bobb (90+1')

Manchester City huet e verréckte Match géint Newcastle um Enn nach mat 3:2 fir sech entscheet. Am St. James Park waren d’Gäscht no e puer ufängleche Problemer déi besser Ekipp a sinn no engem sensationelle Gol vum Bernardo Silva a Féierung gaangen. Mat der Hack konnt de Portugis d’Flank vum Walker mat Succès verwäerten. Newcastle huet sech doropshin awer gefaange krut. Zwee Goler bannent zwou Minutte sollten de Match komplett op d’Kopp stellen an d’Haushäre mat enger Féierung an d’Paus goe loossen. Nom Säitewiessel huet den Drock vu Manchester ëmmer méi zougeholl a sou ass ronn 15 Minutte viru Schluss duerch de Kevin de Bruyne den Ausgläich gelongen. Mat engem 2:2 sollt de Match awer nach net eriwwer sinn. An der éischter Minutt vun der Nospillzäit huet den Oscar Bobb sech de Ball laanscht de Golkipp geluecht an den decisive Gol zur Victoire geschoss. Domat bleift Manchester City weiderhi mat zwee Punkten hannert dem Tabelleleader Liverpool.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Neapel - Salernitana 2:1
0:1 Candreva (29'), 1:1 Politano (45+4'), 2:1 Rrahmani (90+6')

Neapel huet den Negativtrend vun dräi Matcher ouni Victoire gestoppt a mat engem Gol an der Nospillzäit déi dräi Punkte gerett. Am Duell géint den Tabelleleschten aus Salernitana gouf et no knapp 30 Minutten den éischte Réckschlag duerch e Géigegol vum Candreva. Den Ausgläich per Eelefmeter mat der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent huet d’Ekipp vun Neapel awer mat engem Remis an d’Paus geschéckt. An der zweeter Hallschent sinn d’Haushären hirer Favoritteroll dann nees méi gerecht ginn. D’Beméiunge goufen um Enn belount a sou wanne si d’Partie no engem decisive Gol vum Rrahmani an der 96. Minutt.

Monza - Inter (20.45 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - Reims 1:3
0:1 Teuma (35'), 1:1 Ben Yedder (49'), 1:2 Khadra (55'), 1:3 Matusiwa (90+5')

Reims schwätzt am ieweschten Deel vun der Tabell no engem Succès zu Monaco weider e Wuert mat. De Féierungsgol vum Teddy Teuma konnten d’Monegassen kuerz no der Paus konteren, den 1:1 stoung awer net all ze laang. Nëmme sechs Minutten nom Ausgläich konnten d’Gäscht eng zweete Kéier a Féierung goen an den Azor Matusiwa huet mat sengem Gol zum 3:1 an der 95. Minutt definitiv den Deckel drop gemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Bilbao - San Sebastian 2:1
1:0 Berenguer (30'), 2:0 Berenguer (42'), 2:1 Oyarzabal (88')

Athletic Bilbao klëmmt no engem 2:0-Succès géint San Sebastian virleefeg op déi drëtt Tabelleplaz. Zwee Goler vum Alex Berenguer hunn der Lokalekipp zur Paus eng komfortabel Féierung bruecht, déi am zweeten Duerchgang net vun de Gäscht vu San Sebastian konnt gekontert ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO