
E Mëttwoch den Owend war an der Champions League de leschte Liga-Spilldag. Elo geet et an d’K.o.-Phas. An dëser ass mam Leandro Barreiro ee Lëtzebuerger vertrueden. Hien huet sech mat Benfica Lissabon fir de Playoff qualifizéiert.
Déi éischt aacht Ekippen hu sech direkt fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert an hu beim Allersmatch Heemrecht. Dës ginn de 4./5. an 11./12. Mäerz gespillt.
Déi weider aacht Tickete fir d’Aachtelsfinalle ginn an de Playoffs verdeelt. Fir dës hu sech d’Veräiner op de Plazen 9 bis 24 qualifizéiert. Hei kann et zu folgenden Dueller kommen:
Den Tirage vun de Playoffs an dem weidere Verlaf vum Tournoi ass e Freideg, den 31. Januar. D’Playoffs ginn den 11./12. an 18./19. Februar gespillt.
Fir dës Veräiner ass déi europäesch Aventure an dëser Saison eriwwer:
VfB Stuttgart - PSG 1:4
0:1 Barcola (6'), 0:2 Dembélé (17'), 0:3 Dembélé (35'), 0:4 Dembélé (54'), 1:4 Pacho (78', Selbstgol)
Zu Stuttgart war de Match schonns no 35 Minutten entscheet. De Barcola an den Dembélé (2x) haten de Ball am Filet ënnerbruecht. Stuttgart hat e puer Geleeënheeten, mee de PSG hat alles am Grëff an ass dominant opgetrueden. An der 2. Hallschent huet sech Stuttgart méi gewiert a sollt nom 0:4 mat engem Éieregol belount ginn. Méi war awer net méi dran an de PSG konnt um Enn souverän mat 4:1 wannen.
FC Barcelona - Atalanta Bergamo 2:2 a Brest - Real Madrid 0:3
FC Bayern - Bratislava 3:1 an Dortmund - Donezk 3:1
Manchester City - Bruges 3:1 a Juventus Turin - Benfica Lissabon 0:2
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Tabell, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.
Auslousung Playoffs fir d’K.o.-Phas: 31. Januar 2025
Playoffs: 11./12. an 18./19. Februar 2025
Auslousung Aachtelsfinallen, Véierelsfinallen an Halleffinallen: 21. Februar 2025
Aachtelsfinallen: 4./5. an 11./12. Mäerz 2025
Véierelsfinallen: 8./9. a 15./16. Abrëll 2025
Halleffinallen: 29./30. a 6./7. Mee 2025
Finall: 31. Mee 2025 zu München