
D'Mandy Minella ass beim Challenger-Tournoi zu Houston op 10 gesat, huet awer géint déi 21 Joer jonk Serbin den 1. Saz misse mat 1:6 ofginn. Am 2. du koum d'Lëtzebuergerin besser an d'Partie a konnt mat engem 6:3-Sazgewënn konteren.
Et goung also an den 3. Saz, aus deem d'Mandy Minella als Gewënnerin ervirgaangen ass. Si konnt sech mat engem 6:4 duerchsetzen an trëfft an der 1/8-Finall elo op d'Eugenie Bouchard.