Drëtt Hallschent, de Sport-Talk Manu Cardoni: "De Leo ass e perfekt Beispill, wéi ee seng Karriär strukturéiert"

Jeff Kettenmeyer
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Manuel Cardoni Invité.
© Jeff Kettenmeyer / RTL

Hien ass zanter 2021 Directeur Technique vun der FLF, do virdru war hien Trainer vun der U19 respektiv der U21.

Am Podcast schwätzt hien iwwert den aktuell Zoustand vun der Futtball-Schoul a gëtt en Abléck doran, wéi d‘Jugend-Nationalspiller encadréiert sinn a wéi een iwwer Joren den Erfolleg opgebaut huet.

De Manu Cardoni erzielt am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer awer och, wat him 1996 als Futtballprofi gefeelt huet, fir sech bei Leverkusen duerchzesetzen a wéi et a senger aktiver Zäit als Spiller vun der Jeunesse war, fir Spëtzematcher viru vollen Tribünen ze spillen. Donieft geet et awer och drëms, datt senger Meenung no, eng BGL Ligue mat 16 Ekippen ze grouss ass an ee sech misst d‘Fro stellen, wéi een d‘Attraktivitéit vum Championnat nees hiewe kéint.

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch de Manuel Cardoni Invité.

Back to Top
CIM LOGO