FuttballMarvin Martins wiesselt vu Casa Pia bei Austria Wien

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller spillt domadder déi nächst Saison net méi a Portugal, mä an Éisträich.
De Marvin Martins an de Manfred Fischer.
De Marvin Martins an de Manfred Fischer.
© Austria Wien / Facebook

De Marvin Martins huet e Méindeg säi Kontrakt bei Austria Wien ënnerschriwwen, dat huet de Veräin op sengem Internetsite bekannt ginn.

An enger éischter Reaktioun sot de Lëtzebuerger, datt hie frou ass, fir do ze sinn an déi Chance ze kréien. Fir hie wier et eng grouss Éier, de Club representéieren ze dierfen. Elo géing een haart schaffen a kucken, datt ee mam Veräin nees dohinner kënnt, wou en an der Vergaangenheet schonn emol war, sou nach de Martins.

Back to Top
CIM LOGO