2. Bundesligapartie tëschent 1. FC Köln a Fortuna DüsseldorfMassiv Kritik u Choreographie vu Kölner Supporteren

RTL Lëtzebuerg
D'Bild, dat d'Kölner Supporteren iwwert der Tribün ausgebreet haten, weist e Mann, deen der Gëttin vum Gléck Fortuna e Messer un den Hals hält.
© IMAGO/Koch/SID/IMAGO/Maximilian Koch

De Mann dréit dobäi eng Krawatt mam FC-Köln-Wopen drop a Fortuna Düsseldorf ass jo bekanntlech no der réimescher Gëttin benannt. Ënnerschriwwen ass de risege Banner mat “Gléck ass kee Kaddo vun de Gëtter”.

Aus der Politik gouf et wéinst dësem Motiv massiv Kritik, sou zum Beispill vum Inneminister vun Nordrhein-Westfalen, Herbert Reul: “Mir bekämpfen all Dag Messergewalt op der Strooss an am Stadion gëtt mat sou engem Bild provozéiert (...) Ech erwaarden do vun de Responsabele vum Veräin, dass si och intervenéieren. Amplaz gëtt d’Saach och nach erofgespillt. Dat ass den nächste Skandal”, sou den CDU-Politiker géigeniwwer dem Kölner Stadt-Anzeiger.

Och d’Kölner Buergermeeschtesch Henriette Reker huet d’Choreographie vun de Supportere kritiséiert: “Wien esou e Motiv bëllegt, weist seng Ignoranz géigeniwwer eiser aktueller gesellschaftlecher Situatioun”.

D’Responsabel vum 1. FC Köln hu Medie géigeniwwer confirméiert, datt si d’Choreographie accordéiert haten. “Mir konnte mam Motiv liewen, schéin hu mer et net fonnt. (...) Et kann een iwwer d’Motiv kräfteg streiden. Fir mech ass dat einfach d’Rivalitéit tëschent zwou aktive Fanzeenen”, esou de Sportdirekter vum FC Köln Christian Keller.

Den Derby tëschent dem 1. FC Köln an der Fortuna Düsseldorf gouf vun der Police Match mat héijem Sécherheetsrisiko klasséiert. E puer honnerte Fortuna-Supporteren, déi um Wee an de Kölner Rhein-Energie-Stadion waren, goufen am Virfeld vun der Police ofgefaangen an no Platzverweiser zeréck op Düsseldorf geschéckt. An Zich, an deenen d’Supporteren deels ugereest sinn, soll et iwwerdeems zu massiver Saachbeschiedegung komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO