All Méindeg gëtt et am RTL-Podcast “Drëtt Hallschent” eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Des Woch ass d’Sarah de Nutte eis Invitée. Mat der Dëschtennisspillerinn geet et ë.a. ëm hir Profikarriär, Tokyo 2021 an d’Relatioun mam Ni Xia Lian. L
D’Sarah de Nutte ass aktuell an hirer éischter Saison a Frankräich an hofft och op eng Qualifikatioun fir Tokio 2021. Si ass virun der aktueller Saison vu Bad Driburg an Däitschland eriwwer a Frankräich op St. Quentin gewiesselt. Mat hirer neier Ekipp war si och schonns an der Champions League aktiv. No 6 Joer an Däitschland war et dee richtege Schratt, sou d’Sarah de Nutte.
“Ech hu verschidde Veräiner a Frankräich kontaktéiert. Parallel kann et awer och mol sinn, datt d’Veräiner bei engem ufroen. Ech hat zum Beispill Offeren aus Italien a Spuenien, mä fir mech war et just a Fro komm, fir vun Däitschland a Frankräich ze wiesselen, well dat déi zwou bescht Ligaen an Europa sinn.”
Och am Dëschtennis ginn et wéi a verschiddenen anere Sportaarten nach ëmmer grouss Ënnerscheeder bei de Salairen tëscht Männer a Fraen.
“Jo, et ass esou, datt an de Clibb d’Männer méi verdéngen, mee op den Tournoie sinn d’Präisgelder awer selwecht. Am Veräin ass et awer esou, datt ee Mann, deen op mengem Niveau ass an den Top 100, datt dee méi verdéngt wéi ech.”
D’Sarah de Nutte huet sech och fest virgeholl, fir bei den Olympesche Spiller zu Tokio dobäi ze sinn.
“D’Chancë schätzen ech 50:50 an. Ech hunn nach zwou Méiglechkeeten, fir mech ze qualifizéieren, eng Kéier eng Weltquali an eng Kéier eng kontinental Quali. An duerno ginn nach Plazen iwwer Weltranglëscht verdeelt.”
Dës Woch war d’Lëtzebuerger Dëschtennisprofi Invitée am RTL Podcast Drëtt Hallschent an do goung et ënnert anerem ëm Tokio 2021.
De komplette Podcast mam Sarah de Nutte an all déi aner Episode vun “Drëtt Hallschent” fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.
