BGL LigueMatch tëscht Péiteng a Wolz wéinst Corona-Fäll verluecht

RTL Lëtzebuerg
D'Partie vum 18. Spilldag sollt e Mëttwoch den Owend gespillt ginn, ma gouf elo wéinst e puer Corona-Infektioune bei Wolz verluecht.
© RTL Archiv

De Match tëscht der Union Titus Péiteng an dem FC Wooltz 71 gëtt de 5. Mee um 19.30 Auer nogeholl. Dat huet d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Dënschde am Nomëtteg an engem Schreiwes matgedeelt.

Fir e Mëttwoch den Owend sinn elo nach dräi Partie vum 18. Spilldag programméiert. Vun 19.30 Auer u sti sech am Spëtzematch d’Fola an Diddeleng géintiwwer, Hesper huet Stroossen op Besuch a Munneref kritt et mat der Jeunesse ze dinn. D’Partië kënnt Dir am Livestream an der RTL Sport Live Arena an am Liveticker op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO