HandballMatcher géint Israel wéinst dem Konflikt am Noen Osten annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Den 1. November hätt déi Lëtzebuerger Hären-Handball-Nationalekipp sollen an der Weltmeeschterschafts-Qualifikatioun géint Israel spillen.

Dëse Match, genee wéi de Retourmatch an Israel, goufen awer elo wéinst dem Konflikt am Noen Osten annuléiert an et gouf och keen neien Datum fixéiert.

Back to Top
CIM LOGO