LiichtathletikMathias a Grethen haten e Stage op 2.400 Meter Héicht

RTL Lëtzebuerg
Am Kenia hu sech déi zwee Liichtathleten op déi nei Saison preparéiert.
© RTL (Archiv)

An der Liichtathletik ass vum 1. bis den 3. Mäerz zu Glasgow d’Liichtathletik Europameeschterschaft an der Hal. Mat dobäi sinn och ënnert anerem d’Charline Mathias an de Charel Grethen. Béid Leefer hunn hir Preparatioun am Verglach zu de Jore virdrun ëmgestallt, Jeff Kettenmeyer.

Mathias a Grethen no Kenia / Reportage Jeff Kettenmeyer

D’Charline Mathias an de Charel Grethen hunn een Trainingsstage a Kenia gemaach. Eng besser Schoul, wéi an deem Land, wou déi absolut Top-Leefer hierkommen, kann een u sech net kréien. Fir d’Charline Mathias war et de leschte Samschdeg deemno ee risege Changement fir den CMCM-Meeting an der Coque ze lafen, wou d’Konditiounen dann och ganz anescht waren. Wat de Stage awer wierklech bruecht huet, gesäit een an 2 bis 3 Wochen.

Och d’Héicht vun 2.400 Meter, op där trainéiert gouf, soll fir de Rescht vun der Saison Friichten droen, sou d’Charline Mathias. Si ware awer och gespaant, wéi et ausgeet, wann ee vun der Héicht dann nees op eng Kompetitioun kënnt.

Och de Charel Grethen huet mam Stage zu Iton eng nei Experienz gesammelt. Anescht wéi beim Charline Mathias ass awer net alles perfekt gelaf. Den éischten Deel war ganz positiv, ma dono gouf hie krank a louch eng Zäitchen am Bett.

D’Charline Mathias wollt 4 Woche virun der EM nach net iwwer genee Ziler schwätzen. De Charel Grethen sot dogéint am RTL-Interview, datt säi groussen Dram eng Qualifikatioun fir d’Finall wier.

Back to Top
CIM LOGO