Schi-Alpin-WMMatthieu Osch an der Haaptcourse dobäi

RTL Lëtzebuerg
An der Qualifikatioun war de Lëtzebuerger Schileefer den 30. ginn a krut duerno nach eng Startplaz vun der Jury zougesprach.
© pressphoto (Archiv)

Op 1 Sekonn a 35 Honnertstel Réckstand ass dem Matthieu Osch esou just net déi direkt Qualifikatioun fir d’Finall e Sonndeg gegléckt. Ma duerch seng ganz zolitt Performance huet d’Jury him nach eng Startplaz fir d’Haaptcourse um Sonndeg ginn.

Iwwerdeems konnt sech de Carl Jonsson bei den Hären a sengem Heemechtsland a Schweden zu Are duerchsetzen. Op déi zweet Plaz koum den Anton Tremmel, dem Däitsche säi Réckstand louch op 1 Sekonn an 73 Honnertstel. Déi drëtte Plaz goung un den Hollänner Max Van Rossum, hien hat ee Réckstand vun 1 Sekonn an 82 Honnertstel op de Jonsson. Deemno ka sech eng spannend Course e Sonndeg erwaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO