FuttballMauro Mariani zanter e Méindeg den Owend net méi Fola-President

Franky Hippert
Viru 15 Joer hat de Mauro Mariani sech zesumme mam Ex-president Gerard Lopez am Comité vun hirem Club engagéiert, haut sinn d'Ziler gréisstendeels erreecht
© CS Fola Esch

Zanter e Méindeg den Owend ass de Mauro Mariani net méi President vun der Fola. Dann huet den Escher Futtballclub nämlech seng Generalversammlung.

Mauro Mariani hält als Fola-President op / Rep. F. Hippert

Viru 15 Joer hat de Mauro Mariani sech zesumme mam fréiere President Gerard Lopez am Comité vun hirem Club engagéiert an do goufen och eng Rei Ziler definéiert: “Déi sinn och gréisstendeels haut erreecht ginn. A wéi an all Projet ass et bei engem Futtballclub net anescht, datt een vun Zäit zu Zäit eng nei Dynamik brauch.”

D’Decisioun fir opzehalen, ass dem Mauro Mariani, deen elo 4 Joer President war, natierlech schwéier gefall: “Ech hunn schonn eng Zäit mat der Iddi gespillt an ech hu mer virum Match géint d’Jeunesse gesot, datt wa mer Champion ginn, dat de perfekte Moment wär, fir opzehalen.”

De Mauro Mariani ass houfreg op d’Championstitelen, awer net nëmmen: “De leschte well mer et och gepackt hunn, vill Jugendspiller ze integréieren, awer am meeschte sinn ech houfreg iwwert déi Valeuren, déi mir no baussen droen.”

E Méindeg den Owend op der Generalversammlung muss et awer net sinn, datt schonn en neie President designéiert gëtt: “De Veräin léisst sech Zäit. Ech wäert en treie Supporter vun der Fola bleiwen.”

An de leschte 15 Joer ass d’Doyenne aus dem Lëtzebuerger Futtball nees aus der Mëttelméissegkeet eraus. Virun 8 Joer war et deen éischten Titel zanter 83 Joer. Déi lescht Saison konnt d’Fola sech och nees, éischter onerwaart, d’Meeschterkroun opdoen.

Back to Top
CIM LOGO