VIDEO: Euro Meet: 1. DagMax Mannes iwwer 100 Meter Réck op der drëtter Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war den Optakt vun der 21. Editioun vum Euro Meet an der Coque.
Euro Meet: Max Mannes iwwer 100 Meter Réck op der 3. Plaz
E Freideg war den Optakt vun der 21. Editioun vum Euro Meet an der Coque.

An der Finall iwwer 100 Meter Réck huet sech de Max Mannes op der drëtter Plaz klasséiert. Hien huet no 57 Sekonnen an 21 Honnertstel ugeschloen. Den 21 Joer alen Athlet verbessert domadder seng perséinlech Beschtzäit ëm knapp 0,5 Sekonnen.

Extrait Max Mannes

De Raphael Stacchiotti huet als Véierte 57,44 Sekonne gebraucht. Gewonne gouf d’Course vum Rumän Robert-Adrei Glinta an enger Zäit vun 53,83 Sekonnen. Zweete gëtt de Russ Kliment Kolesnikov a 54,15 Sekonnen.

PDF: D'Resultater iwwer 100 Meter Réck

Back to Top
CIM LOGO