DëschtennisMeeschtertitele fir De Nutte bei den Dammen a Glod bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
D'Sarah De Nutte huet sech an der Finall knapp géint Tessy Gonderinger duerchgesat. Den Eric Glod hat keng Problemer géint den Evgheni Dadechin.
Eric Glod a Sarah De Nutte wanne Championstitel am Eenzel
Fir d’Sarah De Nutte war et schonns den 10. Titel, iwwerdeems den Eric Glod säin 3. Titel am Eenzel feiere kann.

Den Eric Glod konnt sech e Sonndeg am Gymnase vun der Coque bei den nationale Meeschterschaften am Dëschtennis säin 3. Titel am Eenzel sécheren.

An der Finall huet de Titelverdeedeger sech kloer mat 4:0 géint den Evgheni Dadechin behaapt, dee sengersäits an der Halleffinall iwwerraschend mat 4:1 géint de Luka Mladenovic gewonnen hat. An der Ronn vun de leschte 4 hat de Glod mat 4:1 géint de Christian Kill gewonnen.

Bei den Damme war et iwwerdeems den 9. Titel hannertenee fir d’Sarah De Nutte an den 10. am Ganzen. An der Finall huet d’De Nutte mat 4:3 géint d’Tessy Gonderinger gewonnen, dat nodeems d‘De Nutte schonns mat 0:3 an de Sätz hanne war.

An den Halleffinallen hat sech d’Sarah de Nutte mat 4:1 géint d’Ariel Barbosa duerchgesat an d’Tessy Gonderinger hat dem Sarah Meyer mat 4:1 keng Chance gelooss.

PDF: D'Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO