
Virun 1.100 Spectatueren am Gymnase vun der Coque ware béid Finallen enorm spannend.
Bei den Damme gëtt de Coupe-FLBB-Titel tëschent de Veräiner aus der Nationale 2 ausgespillt. Genee wéi d’lescht Joer stounge sech an der Finall de Black Star Miersch an d’Black Frogs Schieren géintiwwer. No enger spannender Schlussphas setzt sech Miersch 55:53 duerch.
Bei den Hären ass dës Coupe fir d’Ekippen aus der Nationale 3 reservéiert. D’B-Ekippe vun der Arantia Fiels an dem Racing Lëtzebuerg hu sech näischt geschenkt, um Enn wënnt d’Fiels mat 70:67.

Um Samschdeg a Sonndeg ginn d’Halleffinallen am Lalux Ladies Cup souwéi an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg gespillt. D’Partië kënnt Dir déi zwee Deeg am Livestream op RTL.lu kucken.