
D’Mikaela Shiffrin huet e Samschdeg de Slalom-Weltcup zu Maribor a Slowenien souverän gewonnen. D’US-Amerikanerin hat no den zwee Duerchgäng e Virsprong vu 77 Honnertstel op d’Schwedin Anna Swenn-Larsson. Um Podium stoung nach d’Schwäizerin Wendy Holdener op 1 Sekonn a 15 Honnertstel.
D’Petra Vlhova stoung e Samschdeg fir d’éischte Kéier an dëser Saison am Slalom net um Podium. Si gëtt 5. op 1 Sekonn a 70 Honnertstel.
D’Mikaela Shiffrin ass domadder och d’Top-Favoritin op den Titel bei der Weltmeeschterschaft, déi e Méindeg zu Are a Schweden ufänkt.
D’Häre sinn um Samschdeg net gefuer. D’Descente zu Garmisch-Partenkirchen huet wéinst dem Wieder missen ofgesot ginn.