WimbledonNadal, Federer a Williams an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et beim Grand Slam vu London bei den Dammen an den Hären ëm d'Aachtelsfinalle gaangen.

Beim drëtte Grand-Slam-Tennis-Tournoi vum Joer stinn zu Wimbledon ënnert anerem de Rafael Nadal, deen dem Jo Wilfried Tsonga keng Chance gelooss huet, an de Kei Nishikori an den Aachtelsfinallen. Eliminéiert gouf haut d'Nummer 10 op der Welt, de Fabio Fognini.

Bei den Dammen ass d'Nummer 1 op der Welt, Ashleigh Barty no enger souveräner 2-Saz-Victoire géint d' Harriet Dart eng Ronn weider. D'Serena Williams, d'Carla Suarez Navarro an d'Petra Kvitova hunn et och an d'Aachtelsfinalle gepackt.

Eliminéiert gouf dogéint d'Nummer 4 op der Welt Kiki Bertens, dat duerch eng 2-Saz-Néierlag géint d'Tschechin Barbora Strikova. Den Out war et och fir d'Nummer 13 Belinda Bencic dat no 3 Sätz géint d'Alison Riske aus den USA.

Back to Top
CIM LOGO