Däitschen NationaltrainerNagelsmann verlängert Kontrakt bis 2028

RTL Lëtzebuerg
Aus dem däitsche Futtball ass et d’Nouvelle, datt de Julian Nagelsmann säi Kontrakt als Nationaltrainer fréizäiteg verlängert huet.
© AFP

Domat bleift hien un der Spëtzt vun der Nationalekipp bis d’Europameeschterschaft 2028. Dat huet den DFB elo offiziell matgedeelt.

D’EM a gutt dräi Joer gëtt a Groussbritannien an an Irland gespillt.

Back to Top
CIM LOGO