
RTL wäert och an den nächsten 3 Saisonen all Match vun der d’Dammen- an Hären-Nationaldivisioun live iwwerdroen. D’Streamingkameraen, déi an den Sportshalen dës Biller ophuelen, si mat der neister KI-Technologie equipéiert an erméiglechen et der Volleyball-Communautéit, all déi flott Momenter vun der ieweschter Divisioun ze erliewen.