
De Bielesser huet d’Bomm e Freideg den Owend an der Coque direkt am 1. Versuch 20 Meter a 67 Zentimeter wäit gestouss, wat eng Verbesserung vu 4 Zentimeter ass.
Déi aner Versich vum Bob Bertemes waren net gülteg.
De 24 Joer ale Lëtzebuerger ass mat sengen 20,67 Meter bis un 3 Zentimeter un d’Norm fir d’WM ënner fräiem Himmel am Katar erukomm.