LiichtathletikNeien nationale Rekord am Bommstousse vum Bob Bertemes

RTL Lëtzebuerg
Beim Indoor-Sparkassen-Meeting zu Rochlitz konnt de Bob Bertemes een neie Rekord am Bommstoussen an der Hal opstellen.
© RTL Archiv

De Lëtzebuerg konnt mat dëser Leeschtung säin ale Rekord ëm ganzer 18 Zentimeter vun 20 Meter 67 op 20 Meter 85 verbesseren. Dat Resultat ass duergaangen, fir sech zu Rochlitz beim Indoor-Sparkassen-Meeting op déi zweete Plaz ze stoussen. Déi éischt Plaz war fir den David Storl mat 21 Meter 26.

Dem Bob Bertemes säin nationale Rekord an der Hal läit bei 20,85 Meter.

Back to Top
CIM LOGO