DëschtennisNi/Mladenovic verpassen 1. gemeinsamen internationalen Titel am Mixed

RTL Lëtzebuerg
Beim WTT Feeder Olomouc an Tschechien hunn d'Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic d'Finall am Dubbel mat 2:3 verluer.
© Screenshot Youtube

Et louch een an de Sätz séier mat 2:0 (11:4, 11:9) a Féierung, éier déi chinesch Koppel zeréckgeschloen huet an um Enn d’Finall dach nach mat 3:2 konnt gewannen. Domat klasséiere sech d’Ni Xia Lian an de Luka Mladenovic am gemëschten Dubbel op der gudder 2. Plaz. Et wier fir si deen éischte gemeinsamen internationalen Titel am Mixed gewiescht.

An der Halleffinall beim WTT Feeder Olomouc an Tschechien hate sech d’Lëtzebuerger am Nomëtteg mat engem 3:0 géint d’Chinese Xue Fei/Qi Fei fir d’Finall qualifizéiert, déi dunn e Samschdeg den Owend gespillt gouf.

Am Eenzel war fir d’Ni Xia Lian iwwerdeems an der 1/4-Finall Schluss. Si huet hei géint d’Chinesin Chen Yi mat 0:3 (12:14, 8:11, 9:11) verluer.

Back to Top
CIM LOGO