
E Mëttwoch den Owend waren d’Ni Xia Lian an d’Sarah De Nutte bei der Dëschtennis-WM an den USA am Dubbel am Asaz. D’Lëtzebuerger Koppel huet sech mat 3:1 (6, -10, 4, 3) géint den Duo Zhang Mo / Xu Joyce aus Kanada duerchgesat a steet domadder an der Ronn vun de beschten 32. Hei kréie si et elo mat der Koppel Liu Hsing-Yin / Cheng Hsien-Tzu (WR 86/59) aus Taiwan ze dinn.