
Den Dubbel steet nämlech, no enger 3:1-Victoire géint eng ungaresch Koppel, an de Véierelsfinallen. Am Tour vun de leschte 8 Dubbele spillen d’Lëtzebuergerinnen e Samschdeg géint eng Koppel aus Däitschland.
An och am Eenzel leeft et weiderhi gutt fir déi zwou FLTT-Dammen, well béid Spillerinnen hunn de Sprong an d’Aachtelsfinalle gepackt.