
Ni an De Nutte wannen de Match um Enn knapps mat 3:2, dobäi ware si schonns mat 1 Been eliminéiert. Nodeems si den éischte Saz gewanne konnten, hu si der 2 Stéck hannertenee verluer. Nodeems si sech mat engem kloren 11:1 an de 5. an decisive Saz gekämpft hunn, louch d’Lëtzebuerger Koppel am leschte Saz mat 2:9 zeréck, huet 2 Matchbäll ofgewiert an de Match tatsächlech nach gewonnen.
An der Ronn vun de beschte 16 spillen d’Ni Xia Lian an d’Sarah De Nutte elo géint eng staark Koppel aus Hongkong.