ITTF World Tour Hungarian Open BudapestNi Xia Lian eng Ronn weider, Sarah de Nutte eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin Ni Xia Lian huet et an den 3. Tour vun der Qualifikatioun beim World Tour Hungarian gepackt.
© AFP-Archiv

Si huet an der 2. Ronn géint d’Franséisin Stephanie Loeuillette (WR90) gewonnen, dat mat engem klore 4-0.

Domat steet d’Ni Xia Lian elo an der 3. a leschter Qualifikatiounsronn. Do kritt d’Lëtzebuergerin et mam Liu Jia (WR106) ze dinn, déi d’Lëtzebuerger Championne Sarah de Nutte mat 4-0 eliminéiert huet.

D’Sarah de Nutte hat an der 1. Ronn d’Kroatin Dorina Srebrnjak kloer 4-0 dominéiert, a krut et du mat der fréierer Europameeschtesch Liu Jia aus Éisträich ze dinn. Hei huet d’Liu Jia mat 4-1 d’Iwwerhand behalen.

Sollt d’Nia Xia Lian géint d’Liu Jia gewannen, steet si an der Ronn vun de leschten 32.

PDF: Pressecommuniqué vun der FLTT (2. Ronn)

Back to Top
CIM LOGO