
D’Ni Xia Lian huet dobäi am éischten Tour direkt e Fräilous a muss dofir eréischt am zweeten Tour untrieden.
D’Sarah De Nutte muss wuel am éischten Tour untrieden, ma d’Nummer 74 vun der Welt kritt et do mat enger Spillerin ze dinn, déi méi schlecht klasséiert ass. Wien dat wäert sinn, ass nach net gewosst, well hir méiglech Géignerinnen nach an der Virronn spille mussen.