WTT Feeder HavirovNi Xia Lian séchert sech Titel vun der WTT-Turnéier-Serie

RTL Lëtzebuerg
Et ass den éischten Titel an dëser Kategorie, déi 2020 agefouert gouf, fir d'Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian.

An der Finall konnt Si sech mat 3:1 géint Liu Hsing-Yin aus dem Taiwan duerchsetzen. Just den drëtte Saz huet d’Ni Xia Lian hei missten ofginn, huet déi aner dräi awer dominéiert.

Schonn an der Halleffinall gouf et eng kloer 3:0 Victoire géint d’Chinesin Chen Yi.

Am Duebel-Mix koum d’Ni Xia Lian zesumme mam Luka Mladenovic bis an d’Véierelsfinall.

PDF: D'Schreiwes vun der FLTT

Back to Top
CIM LOGO