Déi 55 Joer jonk Cosl-Sportlerin huet e Mëttwoch de Mëtteg um 15 Auer Lëtzebuerger Zäit nach an der klenger Finall ëm d’Bronzemedail gespillt. Géignerin war d’Yang aus Monaco, déi géint hir Géignerin aus Däitschland mat 3:4 verluer huet.
D’Ni Xia Lian war richteg gutt an dëse Match erakomm a konnt den éischte Saz iwwerraschend kloer mat 11:3 gewannen. Duerch dëse Score huet si dat ganz du wuel ze vill op déi liicht Schëller geholl, well den zweete Saz goung mam nämmlechte Score un hir Géignerin. Am Uschloss war d’Lëtzebuergerin awer nees méi fokusséiert a konnt sech 4 Sazbäll erausspillen. D’Monegassin huet dës awer alleguerten ofgewiert a konnt de Saz mat 12:10 gewannen. De Saz drop hat d’Yang eigentlech alles am Grëff, ma déi Kéier konnt d’Lëtzebuergerin de Saz dréinen an dëse gewannen. Och déi zwee uschléissend Sätz konnt d’Ni Xia Lian gewannen an domat séchert si sech net nëmme Bronz, mä och en Ticket fir Olympia 2020 zu Tokio. Fir d‘Ni gëtt et déi 5. Participatioun bei Olympia. Et ass dëst déi alleréischt Lëtzebuerger Medail bei Europaspiller.
D’Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin hat e Mëttwoch de Moie jo an der Halleffinall géint d’Portugisin Fu Yu mat 2:4 verluer.