
Bei de Frae ginn d'Nina Berton an d'Marie Schreiber am Zäitfueren an an der Stroosse-Course un den Depart. Bei de Männer sinn et den Alex Kirsch, de Mathieu Kockelmann, de Mats Wenzel an de Kevin Geniets, déi vun der FSCL selektionéiert goufen. Kirsch a Kockelmann ginn allebéid och am Contre-la-montre un den Depart. Och an den Espoir a Junior-Kategorien ass Lëtzebuerg gutt vertrueden.
Op der EM ass d'Lëtzebuerger Ekipp och am Mixed Relay engagéiert. Am ganze ginn a Slowenien 14 Coursse gefuer. Aus iwwer 50 Natioune gi ronn 800 Athletinnen an Athleten un den Depart. Déi gréisste Schwieregkeet am Parcours ass de Bierg op Možjanca rop. Hei kann an deene verschiddene Courssen d'Entscheedung falen. No senger Chute an der Vuelta hat den Tadej Pogacar ugekënnegt, datt seng Saison fäerdeg wier, d'lescht Woch war awer kuerz Hoffnung opkomm, datt hien awer nach kéint a senger Heemecht un den Depart goen. Schlussendlech goufen des Pläng awer nees op Äis geluecht.
Déi éischt Medaile ginn den 3. Oktober an der Stroosse-Coursse vun de Junior Männer an der Elite vun de Frae verdeelt. Den Ofschloss ass de 7. Oktober mat den Epreuven am Zäitfueren.