WantersportOdermatt wënnt de Super-G zu Wengen, Maillet Biathlon zu Ruhpolding

RTL Lëtzebuerg
Déi aner Podiumsplazen zu Wengen hu sech den Norweger Aleksander Aamodt Kilde an den Éisträicher Matthias Mayer geséchert.
© AFP-Archiv

No senger Victoire zu Adelboden konnt sech de Schwäizer Marco Odermatt op en Neits géint seng Konkurrente behaapten. Et ass déi éischte Kéier zanter 1994, datt zu Wengen nees e Super-G organiséiert gouf. Dat als Ersatz fir dat annuléiert Rennen zu Bormio.

Am Biathlon gouf et am Sprint zu Ruhpolding an Däitschland, e Succès fir de Fransous Quentin Fillon Maillet. Um Podium stoungen och nach den Däitschen Benedikt Doll an de Belaruss Anton Smolski.

Back to Top
CIM LOGO