
Dës Weekend gouf den 1. Spilldag vun am Ganze 5 Spilldeeg am 6-Natiounen-Tournoi ausgedroen. E Freideg war Frankräich mat 19-24 géint Wales ënnerleeën an e Samschdeg konnt sech Schottland mat 33:20 géint Italien behaapten. England konnt iwwerdeems dach iwwerraschend een 32:20-Succès géint Irland feieren.