Champions-League-QualifikatiounOut fir Gerson Rodrigues an Dynamo Kiev no geckegem Match

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet de Gerson Rodrigues an der Champions-League-Qualifikatioun mat senger Ekipp Dynam Kiev 3:3 géint Bruges gedeelt.
© AFP

Um Enn stoung et 3:3 a béid Ekippen haten nëmmen nach 10 Spiller um Terrain stoen, bei der Ekipp aus der Ukrain war do och de Gerson Rodrigues dobäi, deen an der Startopstellung war an de Match duerchgespillt huet. Nodeems Kiev den Allersmatch an der Belsch mat 0:1 verluer hat, ass een eliminéiert.

Allerdéngs huet den ukrainesche Vizechampion elo eng Plaz an der Europa League sécher, wou si esouguer am 1. Dëppen dierfte sinn.

Back to Top
CIM LOGO