
Et géing “keen Zweiwel” dorun, datt de Kuss, deen de Luis Rubiales bei der Finall vun der Damme-WM 2023 der Spillerin Jennifer Hermoso opgedréckt huet, “net am géigesäitegen Accord” geschitt wier, sot d’Procureure Marta Durántez Gil e Mëttwoch viru Geriicht zu San Fernando de Henares bei Madrid.
De fréiere President vum spuenesche Futtballverband muss sech jo wéinst sexuellem Iwwergrëff a Coercition (op däitsch Nötigung) viru Geriicht veräntwerten. Wéi déi spuenesch Futtballerinnen d’WM 2023 gewonnen haten, hat de Rubiales d’Jennifer Hermoso viru lafende Kameraen op de Mond gekusst. D’Zeen hat weltwäit fir e Skandal gesuergt a gouf als Muechtmëssbrauch bezeechent.
“Et war en onerwënschte Kuss”, sot d’Procureure e Mëttwoch. Et hätt virum Virfall keng Streidereien tëscht der Hermoso an dem Rubiales ginn, déi d’Spillerin dozou hätt kënne beweegen, datt si léie géing. Déi vun der Hermoso virgeluecht Fakte géingen iwwerdeem komplett mat hirem Verhalen nom Virfall iwwertenee stëmmen.
En Dënschdeg hat de Luis Rubiales viru Geriicht ausgesot, datt hie sech “absolutt sécher” wier, datt d’Jennifer Hermoso him den Accord ginn hätt, si ze kussen. Hien hätt d’Hermoso no der Finall, déi Spuenien géint England gewonnen huet, gefrot, “ob ech dir e Kuss dierf ginn, a si huet ‘okay’ gesot”, esou de Rubiales.
Nieft dem sexuellen Iwwergrëff ass hien och wéinst Coercition ugeklot, well hien d’Spillerin gedrängt soll hunn, sech senger Duerstellung vun engem Kuss am géigesäitegen Accord unzeschléissen. De Parquet fuerdert eng Prisongsstrof vun 2,5 Joer - ee Joer wéinst dem onerwënschte Kuss an annerhallef Joer wéinst Coercition.

RTL-News (11.2.25): “Hatt huet ‘okay’ gesot": Luis Rubiales rechtfäerdegt Skandal-Kuss